Montag, 17. Juni 2013

Update vun den Leschten Deeg :)

Scheinen gudden Moien!

Lo mol en klengen Update, vun den leschten Deeg! :)

Fir Mammendaag krut ech eng super Steckmaschin geschenkt vun mengem gudden Männchen! Ech hun mech fir d'Brother Innov-is V5 entscheet! <3

Hei main 1. Bild wat ech geschteckt hun, et wärten der nach vill nokommen! :o)


Gebitzt hun ech och schon domat. Lescht Woch sin des Wierker entstaan!
Eng wonnerschein Tunika mam passenden Hoerband, dei nächst Tunika ass schon an der Maach mat der passender Box! :o)


En Donneschten koum dun endlech main laang ersehnten Stoff vun Hamburger Liebe un! <3
- Dancing Drops am Jersey
- Headphonauts am schwarten
- After Rain, deen nach gefeht huet
- Dancing Drops dei nach gefeht hun
- Mini Bizzi



An en Samsten sin ech bei d'Leia Schuller hellefen gaang sain Jersey Stoff ze zielen. Hat hällt op domat an huet mir et weider gin! :o)
Ech war moies um 1/4 op 8 bei him an mir sollten moies alles gemaacht kreien! Tjo et ass anescht komm... mir sutzen bis halwer 6 do! ;o)
An hei ass d'Resultat (do ass deen den ech schon haat awer och dobai).



Tjo lo heescht et raumen an sorteieren! Lo hun ech definitif en Grond fir main Streckzemmer emzeraumen an eidel ze maachen, fir kennen main Stoff do ze deponeieren! :o)
Ui, dat get lo nach bessen Arbecht...



Keine Kommentare: