Dienstag, 27. Mai 2014

Helpermaart goes Helper Art

Paischtsonden, den 8.Juni ass den Helper Art (Helpermaart)! Mech fannt Dir och do mat selwergebitzten Saachen an flaicht bessen Stoff! :)

Hei fannt Dir och hieren Booklet:

http://www.helpermaart.lu/booklet/helpermaart2014.html#p=8

Mammendaag's Gewënnspill

 
 
Gläich ass rem Mammendaag, dofir hun ech decidéiert en Gewënnspill ze maachen! Des Kéier kënnt Dir en Bong gewannen vun 30 Euro.
Domat kennt Dir Iech dann eppes bei mir raussichen, ob dat lo Stoff ass oder eppes gebitztes.
...
Waat muss dir dofir maachen:

1. Op menger Facebook Sait op 'Gefällt mir' drecken! https://www.facebook.com/pages/Wundersams-Stoffshop/168621023327171?ref=hl

2. Den Facebook Post öffentlech Deelen, an deen duerf Iech dann natierlech och gefaalen!
(Klickt w.e.g. dei Richteg Foto un!!!)

3. Ennert desem Post am Facebook eng léiw Notitz schréiwen

D'Verlousung geet bis den 04. Juni 2014 um 20 Auer. Jiddereen kennt nemmen 1x an d'Loustrommel!!!

P.S.: Stoff probeieren ech direkt den Daag drop ze verschecken, wann Dir awer eppes selwer gebitztes wëllt, dann kann ech Iech awer nit verspriechen, dass dat fir Mammendaag färdeg ass!!

Flaicht kréien mir jo dei 300 Likes zesummen

Bonne Chance

Dienstag, 8. April 2014

Gebuertsdaagscadeau fir meng Giedelchan an main Neveu

Meng kleng Giedelchen an main klengen Neveu hun den 3. Abrell 3 Joër krit! <3

Dun huet natierlech rem eppes selwer gebitztes missten hier! An vue, dass dei 2 nach Pyjamaen brauchen hun ech hinnen sou een gebitzt! :)

Leider hun ech dei 2 Mausen nach nit gesin! Ech hoffen se freen sech dodrop! :)


Dienstag, 18. März 2014

Fuesend - Hingerjucksbaal 2014

Sou lo weisen ech Iech mol main selwer gebitzten Fueskostüm (Juppe & Bolero & Band fir em den Kapp)! Ah jo dei Pechelchen dei ech op der Foto lenks do hänken hun, ass och selwer gemaach! :o)

Et ass en Tellerrack, leider haat ech keen Pettycoat fir drënner, dat hätt bestemmt och nach flott ausgesin! :o)

Ech mengen dat kann ech och nach roueg sou undin den Summer (Hm... flaicht just doheem) ;o)






Dienstag, 21. Januar 2014

Baby-Foxy-Kissen von NiKidz

Sou muss mol rem enkeier hei eppes Posten, haat vill em d'Oueren an nit ganz vill Zait dofir! Ech probeieren och mol mei oft rem eppes hei dran ze setzen fir dei Leit dei keen Facebook hun!

Ech hun och matgemaach bei NiKidz Wettbewerb um Facebook matgemaach! :o)
Hun 42 likes krit! ;o)
Ech freen mech iwwer dei 42 Likes an den Noah ganz besonneg, well deen huet doduerch, well ech matgemaach hun, lo en neit Schmusekessen! :o)
D'Kessen ass gemaach aus 100 % Baamwollfleece!


So jetzt nochmal auf Deutsch! ;o)
Ich hatte leider viel um die Ohren, darum hatte ich nicht sehr viel Zeit hier was zu posten. Versuche aber in der Zukunft mir etwas mehr Zeit zu nehmen, weil hier auch einige sind die kein Facebook haben.

Ich habe auch beim NiKidz Wettbewerb mitgemacht! :o)
Ich habe 42 likes bekommen! ;o)
Ich freue mich sehr über die 42 likes und mein Sohn freut sich besonders darüber, denn jetzt hat er, weil ich da mitgemacht habe; ein neues Schmusekissen! ;o)
Das Kissen ist aus 100 % Baumwollfleece gemacht worden! :)


Dienstag, 15. Oktober 2013

Gewennspill vun Lila Lotta

Hei bei Lila-Lotta ass en super Gewennspill:

Dreckt mir Daumen, flaicht hun ech jo bessen Gleck! :)
Dir kennt och all gär matspillen! :)

Hei ass den Link fir op sain Blog:

http://lila-lotta.blogspot.de/2013/10/verlosung-blog-giveaway-4-ganz-tolle.html#more


Mittwoch, 25. September 2013

Gewennspill vun Janeas World

Hei ass en super scheint Gewennspill vun Janeas World

 

Hei ass den Link fir op seng Sait...

Op senger Sait krit dir mei Infoen fir do matzemaachen.
D'Gewennspill geet vum 24.09 bis den 28.09.2013 um 23:00 Auer!!!

Ech hun och verschidden Stoffer vun him an mengem klengen Shop! Deen do awer lo leider nit!

Montag, 23. September 2013

Kropenmanns Fest 2013

Scheinen gudden moien,

Ui, hun schon laang naicht mei hei gepost! Hun zimlech vill Arbecht den Moment, mee ech hoffen ech kreien dei nächt Wochen bessen Zait Iech bessen hei ze weisen, wat ech alles sou gemaach hun an deenen leschten Meint! :o)

Denkt drun, den Sonden ass d'Kropenmannsfest zu Reiden! Ech sin och do mat mengem Stand! Hun des Woch dofir leider nit ganz vill Zait fir Iech, well ech muss bitzen, bitzen, bitzen... :o)

Et ging mech freen Iech do ze gesin! D'Wierder soll jo rem ganz gudd gin!

Wenschen Iech en scheinen Start an dei nei Woch :o)

Montag, 15. Juli 2013

Klengen Ableck vum Oldtimer Traktertreffen

Hei kridd der en klengen Ableck vum Oldtimer Traktertreffen zu Brouch/Miersch den 14. Juli 2013, wat organiseiert gin ass vum Lanz-Team-Luxembourg mat kräfteger Ennerstetzung vum Club des Jeunes vun Brouch.

277 Trakteren waren op der Platz! :)


Moies geint halwer 11 hun Trakteren eng kleng Ausfahrt gemach duerch d'Gemeng!


Ech haat och en klengen Stand do! War en gudden ustrengen Daat, mee awer och en super flotten!


Merci un all d'Leit, dei eis op d'Oldtimer Traktertreffen besichen komm sin an och en decken Merci un dei, dei mech un mein Stand besichen komm sin! :)

Freitag, 5. Juli 2013

Oldtimer Traktertreffen zu Brouch/Mersch, Sonndes den 14. Juli 2013

Samstag, den 13. Juli 2013

- 17:00 Eintreffen der ersten Teilnehmer
- 18:00 Gemütliches Beisammensein bei Oldie-Musik und Grillfeuer
- Camping Gratis

Sonntag, den 14. Juli 2013

- 8:00 - 10:00 Anmeldung & Oldie-Frühstück
- 10:30 Start zur Ausfahrt
- 12:30 Concert Apperitif
- Besuchertransport mit Oldtimer-Traktoren
- Für Essen und Trinken ist bestens gesorgt
- Spass für Kinder
- An Nachmittag: Ausstellung der Oldtimer und Vorführmöglichkeiten
15:30 Umzug durch das Dorf und Vorstellen der Teilnehmer


Org.: LANZ-TEAM-LUXEMBOURG an d’Bricher Suebelmouken