Montag, 10. Dezember 2012

Opdrägsbicher / Auftragsbücher

Scheine gudden moien!

Wollt Iech mol hei eppes ganz flottes weisen! :)
Ech hun mir bei NiKidz flott Opdägsbicher bestallt an dei hun ech haut krit! :)

Einfach nemmen wonnerschein an super praktesch!



Schönen guten Tag,

Ich wollte Euch hier mal was ganz tolles zeigen! :)
Ich habe mir bei NiKidz tolle Auftragsbücher bestellt und die sind heute bei mir angekommen!

Die sind einfach nur wunderschön und super Praktisch!

Vielen, vielen Dank an NidKidz für diese tollen und kreativen Bücher und die super schnelle Lieferung und natürlich für den lieben und freundlichen Kontakt!



An hei fannt Dir mech den Freiden 14. Dezember 2012 zu Ell um Kreschtmaart ab 17.00 Auer.
Ech freen mech op Iech!  


Samstag, 8. Dezember 2012

En groussen merci un Iech all!!

Ech muss Iech mol nach all merci soen, dei bei mech op den Stand an der Fuussekaul den 1. an 2. Dezember besichen komm sin awer och dei, dech mech hei an op Facebook ennerstetzen!
Ech sin wierklech frou, dass meng Saachen sou gudd ukommen, mir mecht et sou vill Freed, wann ech aner Leit kann frou maachen! :)

Hei war main Stand an der Fuussekaul!


Dienstag, 6. November 2012

Kreschtmaart 1. an 2. Dezember an der Fuussekaul

Kommt mech den 1. an den 2. Dezember  vun 9-19 Auer op den Kreschtmaart an der Fuussekaul besichen!

Ech wärd nach puer nei Saachen maachen, dei hoffentlech gudd bei Iech ukommen! Losst Iech iwwerraschen!
Ech freen mech op Iech! :)

(Ech hun den Flyer leider sou per Mail gescheckt krit, et gesait een leider nit gudd den Menu! Soubaal ech den Flyer mat der Post kreien, probeieren ech en proper ze scannen oder Detailer hei ze veröffentlechen)


Donnerstag, 11. Oktober 2012

Päck dei en waiten Wee hannert sech hun!

Hallo Alleguer! :)

Haut sin puer Päck Stoff hei ukomm! An do waren 2 ganz besonneg Päck dobai! :)

Een kennt aus Singapore


An dann nach een aus Hong Kong! :)



Sou lo muss ech mir och mol soulues bessen Zait huelen, fir d'Stoffer online ze setzen! Sin lues an lues amgaang Fotoen dovun ze maachen! Ass mei Arbecht wei ech geduecht haat! 

Bis geschwenn! :)


Dienstag, 2. Oktober 2012

Kropenmannfest zu Reiden

Hallöchen!

Ech wollt mol perseinlech jidderengem Merci soen, dei bis bei mech op den Stand luussen komm sin! :)
Natierlech muss ech besonneg mengem Mann an menger Famill merci soen, ouni hier Ennerstetzung hätt dat nit sou gudd geklappt! Meeeerrrcccciiii! :))

Deen Daag huet mir vill Spass gemach, besonneg, well ech gesin hun, dass ech souvill Success haat an dass ech villen Leit eng Freed konnt maachen mat mengen selwer gebitzten Saachen! :)





Ech kucken och dass ech lo an der nächster Zait mei Fotoen vun mengen Saachen an Soffer hei op main Blog kann setzen!
Dir musst mech entschellegen, dass dat flaicht nach bessen kann daueren, ech gin nämlech hallef Deeg Schaffen, hun jo och no menger klenger Famill ze kucken, den Haushald an ech muss jo och rem kucken fir rem nei schein Saachen ze bitzen! :)

Ech wenschen Iech all dann nach en wonnerscheinen Daag!
An flaicht gesin mir eis dann geschwenn! :)

Decke Kussi
Samy

Donnerstag, 20. September 2012

Mittwoch, 5. September 2012

Main neien Stoff

Hallöchen! :)

Haut den Metten ass endlech main neien Stoff vun Stoffträume ukomm! :-)
Ech sin total verleift an den Stoff! Super schéinen Kreschtstoff dobai!
Ech freen mech schon den Stoff ze verschaffen, hun schon eng ganz léiw Idee!! :-)

Ech hoffen ech kreien des Woch bessen Zait fir ze bitzen, hun leider vill aner Saachen des Woch ze maachen! Nächst Woch get awer secher rem voll ugerappt! :-D

Dei nächst Deeg misst nach puer Saachen ukommen! Hoffentlech dauert et nit mei ze laang! Kann et schon baal nit mei erwarden all dei schéin Stoffer an Borten ze kréien an doraus schéin nei Saachen ze bitzen! :-D

Losst Iech all Iwwerraschen!


Sonntag, 2. September 2012

Bitzen fir d'Kropenmannfest den 30. September 2012 zu Reiden

Hallo Alleguer! :)

Hei ass main 1. Blog Antraag! Sin gespaant, ob meng Sait gudd ukennt! :o)

Ech sin gefroot gin, fir den 30. September en Stand zu Reiden um Kropenmannfest ze maachen!
Ech sin sou frou, dass un mech geduecht gin ass! Merci Christiane Majerus! :o)

Tjo, leider haat ech weider keng Saachen mei, hun baal alles an der Schwaitz bei Bekannten geloss! Sutz awer lo all Daag bei menger Bitzmaschin, fir dass ech genuch kann presenteieren! An et ass jo nach en Mount, hun nach vill gudd Iddeen, muss se lo just nach emsetzen! Hoffen, dass nächst Woch main neien Stoff ukennt, dann kann ech puer flott Saachen fir den Wanter maachen! :o)

Op der Foto ass eng kleng Auswiel, wat ech schon alles gemaach hun! Lo hun ech mol en gudden Grond, fir nei Saachen auszeprobeieren! :o)

Wenschen Iech nach en scheinen Daag