Donnerstag, 11. Oktober 2012

Päck dei en waiten Wee hannert sech hun!

Hallo Alleguer! :)

Haut sin puer Päck Stoff hei ukomm! An do waren 2 ganz besonneg Päck dobai! :)

Een kennt aus Singapore


An dann nach een aus Hong Kong! :)



Sou lo muss ech mir och mol soulues bessen Zait huelen, fir d'Stoffer online ze setzen! Sin lues an lues amgaang Fotoen dovun ze maachen! Ass mei Arbecht wei ech geduecht haat! 

Bis geschwenn! :)


Dienstag, 2. Oktober 2012

Kropenmannfest zu Reiden

Hallöchen!

Ech wollt mol perseinlech jidderengem Merci soen, dei bis bei mech op den Stand luussen komm sin! :)
Natierlech muss ech besonneg mengem Mann an menger Famill merci soen, ouni hier Ennerstetzung hätt dat nit sou gudd geklappt! Meeeerrrcccciiii! :))

Deen Daag huet mir vill Spass gemach, besonneg, well ech gesin hun, dass ech souvill Success haat an dass ech villen Leit eng Freed konnt maachen mat mengen selwer gebitzten Saachen! :)





Ech kucken och dass ech lo an der nächster Zait mei Fotoen vun mengen Saachen an Soffer hei op main Blog kann setzen!
Dir musst mech entschellegen, dass dat flaicht nach bessen kann daueren, ech gin nämlech hallef Deeg Schaffen, hun jo och no menger klenger Famill ze kucken, den Haushald an ech muss jo och rem kucken fir rem nei schein Saachen ze bitzen! :)

Ech wenschen Iech all dann nach en wonnerscheinen Daag!
An flaicht gesin mir eis dann geschwenn! :)

Decke Kussi
Samy