Dienstag, 15. Oktober 2013

Gewennspill vun Lila Lotta

Hei bei Lila-Lotta ass en super Gewennspill:

Dreckt mir Daumen, flaicht hun ech jo bessen Gleck! :)
Dir kennt och all gär matspillen! :)

Hei ass den Link fir op sain Blog:

http://lila-lotta.blogspot.de/2013/10/verlosung-blog-giveaway-4-ganz-tolle.html#more


Mittwoch, 25. September 2013

Gewennspill vun Janeas World

Hei ass en super scheint Gewennspill vun Janeas World

 

Hei ass den Link fir op seng Sait...

Op senger Sait krit dir mei Infoen fir do matzemaachen.
D'Gewennspill geet vum 24.09 bis den 28.09.2013 um 23:00 Auer!!!

Ech hun och verschidden Stoffer vun him an mengem klengen Shop! Deen do awer lo leider nit!

Montag, 23. September 2013

Kropenmanns Fest 2013

Scheinen gudden moien,

Ui, hun schon laang naicht mei hei gepost! Hun zimlech vill Arbecht den Moment, mee ech hoffen ech kreien dei nächt Wochen bessen Zait Iech bessen hei ze weisen, wat ech alles sou gemaach hun an deenen leschten Meint! :o)

Denkt drun, den Sonden ass d'Kropenmannsfest zu Reiden! Ech sin och do mat mengem Stand! Hun des Woch dofir leider nit ganz vill Zait fir Iech, well ech muss bitzen, bitzen, bitzen... :o)

Et ging mech freen Iech do ze gesin! D'Wierder soll jo rem ganz gudd gin!

Wenschen Iech en scheinen Start an dei nei Woch :o)

Montag, 15. Juli 2013

Klengen Ableck vum Oldtimer Traktertreffen

Hei kridd der en klengen Ableck vum Oldtimer Traktertreffen zu Brouch/Miersch den 14. Juli 2013, wat organiseiert gin ass vum Lanz-Team-Luxembourg mat kräfteger Ennerstetzung vum Club des Jeunes vun Brouch.

277 Trakteren waren op der Platz! :)


Moies geint halwer 11 hun Trakteren eng kleng Ausfahrt gemach duerch d'Gemeng!


Ech haat och en klengen Stand do! War en gudden ustrengen Daat, mee awer och en super flotten!


Merci un all d'Leit, dei eis op d'Oldtimer Traktertreffen besichen komm sin an och en decken Merci un dei, dei mech un mein Stand besichen komm sin! :)

Freitag, 5. Juli 2013

Oldtimer Traktertreffen zu Brouch/Mersch, Sonndes den 14. Juli 2013

Samstag, den 13. Juli 2013

- 17:00 Eintreffen der ersten Teilnehmer
- 18:00 Gemütliches Beisammensein bei Oldie-Musik und Grillfeuer
- Camping Gratis

Sonntag, den 14. Juli 2013

- 8:00 - 10:00 Anmeldung & Oldie-Frühstück
- 10:30 Start zur Ausfahrt
- 12:30 Concert Apperitif
- Besuchertransport mit Oldtimer-Traktoren
- Für Essen und Trinken ist bestens gesorgt
- Spass für Kinder
- An Nachmittag: Ausstellung der Oldtimer und Vorführmöglichkeiten
15:30 Umzug durch das Dorf und Vorstellen der Teilnehmer


Org.: LANZ-TEAM-LUXEMBOURG an d’Bricher Suebelmouken


Montag, 17. Juni 2013

Update vun den Leschten Deeg :)

Scheinen gudden Moien!

Lo mol en klengen Update, vun den leschten Deeg! :)

Fir Mammendaag krut ech eng super Steckmaschin geschenkt vun mengem gudden Männchen! Ech hun mech fir d'Brother Innov-is V5 entscheet! <3

Hei main 1. Bild wat ech geschteckt hun, et wärten der nach vill nokommen! :o)


Gebitzt hun ech och schon domat. Lescht Woch sin des Wierker entstaan!
Eng wonnerschein Tunika mam passenden Hoerband, dei nächst Tunika ass schon an der Maach mat der passender Box! :o)


En Donneschten koum dun endlech main laang ersehnten Stoff vun Hamburger Liebe un! <3
- Dancing Drops am Jersey
- Headphonauts am schwarten
- After Rain, deen nach gefeht huet
- Dancing Drops dei nach gefeht hun
- Mini Bizzi



An en Samsten sin ech bei d'Leia Schuller hellefen gaang sain Jersey Stoff ze zielen. Hat hällt op domat an huet mir et weider gin! :o)
Ech war moies um 1/4 op 8 bei him an mir sollten moies alles gemaacht kreien! Tjo et ass anescht komm... mir sutzen bis halwer 6 do! ;o)
An hei ass d'Resultat (do ass deen den ech schon haat awer och dobai).



Tjo lo heescht et raumen an sorteieren! Lo hun ech definitif en Grond fir main Streckzemmer emzeraumen an eidel ze maachen, fir kennen main Stoff do ze deponeieren! :o)
Ui, dat get lo nach bessen Arbecht...



Mittwoch, 5. Juni 2013

Musiksfest mat Hobby- & Floumaart zu Iewerleng

Den 30 Juni 2013 ass zu Iewerleng d'Musiksfest
an ab 10:30 Auer ass och en Hobby- an Floumaart,
wou ech och en Stand hun! :)

Ech ging mech riiiiiiisech freen Iech do ze gesin!
Wei Dir hei um Flier gesidd stin 2 Concerten um Programm!
Fir Iessen an Drenken ass och gesuergt! :)

Ech hun och gudd Wierder bestallt! :)
Freen mech op Iech!

Dienstag, 21. Mai 2013

Mammendaag 09 Juni 2013

Denkt drun den 9. Juni ass Mammendaag!

Flaicht fannt dir mei mir eppes scheines fir Är Mammen.

Hei sin flott Kierf fir Wäschenklaameren dran ze maachen!
Den Bigel kann een raus huelen an den Kuerf kann een dann mat 30 Grad wäschen!
Ech maachen och gär een an Ärer Wonschfarw (wann genuch Stoff do ass)!

Den rouden mat den Rousen ass fort, deen huet meng Bomi fier hieren Gebuertsdaag geschenkt krit :)





Hun och nach puer flott, denn Loop'en fir d'Iwwergangszait (Ideal an deem Schmuddelwierder)!



Hei sin och nach puer mat Fleece (Rebella Loop sin mei kuerz, eischter fir Kanner oder fir Jurentlicher)



Hudd dir en Extra Wonsch, dann färt net mech ze froen! Wann et Meiglech ass, setzen ech gär Är Wensch em! :)

Ah jo hei ass mol meng Email Adress: faber.samantha@gmail.com


Helpermaart 2013

Scheinen gudden moien,

Ech wollt mol deenen merci soen, dei an deem Schmuddelwierder en Sonden bei mech op den Helpermaart kucken komm sin!

Leider hun ech schon virun 5 Auer missten apaaken, vue dass ech duerch an duerch naach an hallef erkaalt war!

Hei sin dann nach puer Fotoen vun mengem klengen Stand!




Dir sicht nach en scheinen Cadeau fir Mammendaag, dann hätt ech do flaicht eppes leiwes fir iech! :)
En Kierfchen fir d'Wäscheklaameren dran ze maachen an verschiddenen farwen oder en scheinen Loop fir d'Iwwergangszait (ideal fir dat Schmuddelwierder)!


Hei sin meng nei Kollegen! Drauwenkärenkessen, angenehm och fir kleng Puppekcher! :)


Montag, 13. Mai 2013

Helpermaart den 19. Mee 2013

Schéinen gudden Daag un meng léiw Lieser!


Denkt drun, den 19. Mee 2013 vun 10-18 Auer
ass zu Beschdref den Helpermaart!  

Dir fannt mech um Stand 9 virun der aaler Schoul!


Ech ging mech freen Iech all do ze gesin!
Hun och puer nei Saachen unzebidden,
leider feelt mir bessen Zait, soss hätt ech nach vill mei Auswiel!!
Mee den nächsten Maart kennt jo glaich
(den 30. Juni 2013 zu Iewerleng den Hobby a Floumaart) ;)

Hoffen lo just nach dass d'Wierder bessen besser get!

Bis den Sonden dann! :)


Dienstag, 5. März 2013

Puer kleng Cadeauen

Fir d'Julie
Main 1. Ensembel! Eng Ballontunika mat der passender Box an der Mutz!
Ech hoffen eet gefällt! :)



Fir den klengen Maurice



Fir den klengen Yann



Fir d'Emmy



Fid den Pau







Freitag, 1. März 2013

Meng eischt Jackett

Ech hun meng eischt Jackett gebitzt. 

Nuje, sin nit ganz zefridden hun missten bessen improvisioneieren, vue, dass d'Schnettmuster nit iwwerdeneen gepasst huet! Wärd dei Jackett wuel nit mei bitzen! 

Et soll en Cadeau sin, an hoffen se gefällt trotzdem och mat klengen Fehler! :)


Montag, 4. Februar 2013

Saurier Händchen fir main klengen "Saurier" Fanatiker!

Sou hun mengem klengen "Saurier" Fanatiker gudd warem an wasserfest Händchen gebitzt!
Geschter wou ech schon alles vierbereet hat, ass en schon vun Freed ronderem gesprong an den moien, wou se dun färdeg waren, jo do war d'Freed sou grouss, dass en se direkt wollt undin! :)