Donnerstag, 20. September 2012

Mittwoch, 5. September 2012

Main neien Stoff

Hallöchen! :)

Haut den Metten ass endlech main neien Stoff vun Stoffträume ukomm! :-)
Ech sin total verleift an den Stoff! Super schéinen Kreschtstoff dobai!
Ech freen mech schon den Stoff ze verschaffen, hun schon eng ganz léiw Idee!! :-)

Ech hoffen ech kreien des Woch bessen Zait fir ze bitzen, hun leider vill aner Saachen des Woch ze maachen! Nächst Woch get awer secher rem voll ugerappt! :-D

Dei nächst Deeg misst nach puer Saachen ukommen! Hoffentlech dauert et nit mei ze laang! Kann et schon baal nit mei erwarden all dei schéin Stoffer an Borten ze kréien an doraus schéin nei Saachen ze bitzen! :-D

Losst Iech all Iwwerraschen!


Sonntag, 2. September 2012

Bitzen fir d'Kropenmannfest den 30. September 2012 zu Reiden

Hallo Alleguer! :)

Hei ass main 1. Blog Antraag! Sin gespaant, ob meng Sait gudd ukennt! :o)

Ech sin gefroot gin, fir den 30. September en Stand zu Reiden um Kropenmannfest ze maachen!
Ech sin sou frou, dass un mech geduecht gin ass! Merci Christiane Majerus! :o)

Tjo, leider haat ech weider keng Saachen mei, hun baal alles an der Schwaitz bei Bekannten geloss! Sutz awer lo all Daag bei menger Bitzmaschin, fir dass ech genuch kann presenteieren! An et ass jo nach en Mount, hun nach vill gudd Iddeen, muss se lo just nach emsetzen! Hoffen, dass nächst Woch main neien Stoff ukennt, dann kann ech puer flott Saachen fir den Wanter maachen! :o)

Op der Foto ass eng kleng Auswiel, wat ech schon alles gemaach hun! Lo hun ech mol en gudden Grond, fir nei Saachen auszeprobeieren! :o)

Wenschen Iech nach en scheinen Daag